Schäfferotserklärung fir 2017-2023
Waasser
Drénkwaasserversuergung
- Fäerdegstellung vum Waassertuerm an Erneierung vun der Waasserleitung zu Heeschbreg
- Ausweisen vun Quellenschutzgebidder
- Sanéierung vun den Quellenfaassungen
- Nei Waasserleitung um Faubourg zu Bech fir Drockerhéichung am Netz a Verleeën vun engem Reewaasserkanal
Ofwaasserklärung
- Fäerdegstellung vun der Kläranlag zu Heeschbreg
- Bau vun Ofwaasserkollekteren zu Heeschbreg
- Bau vun engem Regenrückhaltebecken mat Pompstatioun op der Kräizenhéicht
- Bau vun enger neier Kläranlag zu Bech
- Neien Ofwaasserkollekter zu Zëtteg (op der Drénk) a Verleeën vun engem Reewaasserkanal
- Bau vun enger Pompstatioun fir Ofwaasser an der Béiwerwiss zu Bech
Stroossen a Weeër
Astandsëtzung vun folgenden Stroossen a Weeër:
Stroossen
- Heeschbregerwee op der Schanz mat Parkplazen
- Strooss duerch Heeschbreg
- Strooss op der Drénk zu Zëtteg
Weeër
- Foussgängerënnerféierung mat Vëlospiste : Kräizenhéicht-Schanz
- Wee an der Béiwerwiss
Verschiddenes
- Zousätzlech Vitesseanzeiger installéieren
- Ofsécheren vun den Foussgängersträifen
Gebaier an ëffentlech Platzen
Gebaier
- Barrièrefräi Moderniséierung an Erweiderung vum Gemengenhaus mat engem neien Gemengesall
- Bereetstellen vun Stauraum am Centre culturel Hanner Bra fir all Veräiner aus der Gemeng Bech
- Technesch Moossnamen fir d’Verbesserung vun der Akustik am Sall Hanner Bra
- Fäerdegstellung vum Hall technique zu Hemstel
- Iwwerleeungen fir déi zukënfteg Notzung vun den alen Schoulen zu Hemstel, op der Schanz a vum ale Waassertuerm op der Schanz
- Schrëttweis energetesch a baulech Sanéierung vun den Gemengegebaier
- Ënnerhalen vun den Gemengegebaier
- Erweiderung vum Fernwärmenetz (Bech-Hanner Bra-Gemeng-Paschtoueschhaus)
Platzen
- Behënnerteparkplatzen ausweisen
Schoulpolitik
- Nei Schoul fir den Cycle 1 mat Maison Relais mat der Gemeng Manternach fäerdeg stellen
- Naturspillplatz uleeën niewent der neier Schoul fir den cycle 1
- Realiséierung vun engem neie Verkéierskonzept bei der Grondschoul zu Berbuerg
- Eis Schoul beim Ëmsetzen vum Plan de réussite scolaire ënnerstëtzen
- Eis fir eng gutt Zesummenaarbecht tëschent Schoul, Maison Relais an Elteren asetzen
Bebauungspolitik
- Neien PAG vun der Gemeng ofschléissen
- Kaaf vun Land fir kommunal Bauprojeten kennen ze realiséieren
- Wunnraum promovéieren fir jonk a sozial schwaach Familljen
- Gesetzlech Méiglechkeeten notzen fir neie Wunnraum ze schafen
Kanner, Jugend, Famill an 3.Alter
- Spillplatz adaptéieren fir kleng Kanner op der Becher Gare (0-4Jär)
- Zousätzlech Spillplatzen realiséieren an der Gemeng
- Den Service de proximité weiderféieren
- Promotioun vun den Aktivitéiten vum Club Senior vu Jonglënster
- Kaaf vun engem Bett am Hospice zu Iechternach
Tourismus
- Informatiounstafelen bei kulturell wäertvollen Siten opstellen
- Sech u Projeten am Kader vum Naturpark Mëllerdall bedeelegen
Ëmwelt
- Projeten am Kader vum Klima Pakt ëmsetzen
- Opluedstatiounen fir Autoen a fir Vëloen
- Bedeelegung un der Floss Partnerschaft Syre
- Eng Ëmweltkommissioun asetzen
- Energieverbrauch am ëffentlechen Raum reduzéieren
- Hecken a Bam Planzaktiounen zesummen mat Natur an Ëmwelt weiderféieren
Veräiner
- Ënnerstëtzung vun den Veräiner duerch d’Gemeng
Informatioun um Bierger
- Update vum Internetsite
- Bei gréisseren Projeten Bierger Versammlungen organiséieren
- Op Ufro dem Bierger een Rendezvous ginn am Schäfferot
Finanzen
- D’Gemengefinanzen am Equiliber halen fir och laangfristeg nach iwwert eng gesond Finanzsituatioun ze verfügen
Gemengefusioun
- Éischt Sondeirungsgespréicher ufänken mat den Nopeschgemengen
Verschiddenes
- Installatioun vun elektronesche Waasserzähler