DIR HUTT ENG WUNNENG/EN HAUS WOU EIDEL STEET?

Bech

OFFICE SOCIAL REGIONAL

des communes de Beaufort, Bech, Berdorf, Consdorf et Reisdorf

 

DIR HUTT ENG WUNNENG/EN HAUS WOU EIDEL STEET?

Dir sidd e Proprietär vun engem Haus oder Appartement an der Gemeng Berdorf, Consdorf, Reisdorf, Beaufort oder Bech, wat Dir verloune wëllt?

Ass dat de Fall? Dann kéint den Office social régional vu Beaufort de Partner fir Iech sinn.

Wéisou wielt Dir eis als Partner?

–       Dir hutt eng Garantie, dass äre Loyer all Mount bezuelt gët

–       Als Locataire bekëmmere mir eis em den Ënnerhalt vun ärer Proprietéit.

–       Mir sichen de passenden Sous-locataire fir är Proprietéit an assuréieren gläichzäiteg e Suivi vun hinnen

–       Dir kënnt vun enger Steiererliichterung profitéieren (50 % vum Nettoloyer)

–       Dir drot dozou bäi, dem Mangel u bezuelbare Wunnengen zu Lëtzebuerg entgéintzewierken

–       Dir erméiglecht enger Famill, respektiv enger eenzeler Persoun, en Daach iwwert dem Kapp ze hunn.

 

Sidd Dir interesséiert? Kontaktéiert eis iwwert dëse Wee: 

Office social régional de Beaufort

Tel : 26 87 60 54 1

 E-Mail: secrétariat@officesocial-beaufort.lu

 

Dernière modification le 24.03.2023

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal