Biergeratelier zum Masterplang 2035
Wéi gesäit d’Zukunft vun denger Gemeng aus?
Schwätz mat beim Biergeratelier an diskutéier iwwert d’Prioritéiten an der Gemeng.
Eis Gemeng entwéckelt sech, an Är Meenung zielt! De Schäfferot invitéiert Iech ganz häerzlech op e Biergeratelier, wou mir iwwert d’Prioritéite fir ënnerschiddlech Themeberäicher diskutéieren. Hei hutt Dir d’Geleeënheet, Är Iddien anzebréngen an aktiv matzeschaffen un der Zukunft vun eiser Gemeng.
Är Matwierkung ass wichteg. Kommt laanscht a hëlleft eis, eis Gemeng nohalteg an inklusiv fir d’Zukunft ze gestalten.
Mir freeën eis op Iech!

