Éierefeier M. Camille Kohn
D’Gemeng Bech invitéiert Iech ganz häerzlech op eng Feier zu Éiere vum Här Camille Kohn, dee fir säi langjäregt Engagement als Schäffen a Buergermeeschter zum Éierebuergermeeschter ernannt gouf.
Datum: 18. Juni 2025 | 18:30 Auer
Plaz: „Rippeger Halt“ um Veloswee
Bei dëser Geleeënheet soe mir dem Här Kohn e grousse Merci fir säin onermiddlechen Asaz fir eis Gemeng.
No engem kuerzen offiziellen Deel offréiert d’Gemeng e Patt.
Confirméiert Är Präsenz w.e.g. bis spéitstens den 13. Juni: 790168-22 oder gemeng@bech.lu.
