Schoulbusbegleeder(in) gesicht

Grünschnittsammlung

 

Schoulbusbegleeder (m/w)

 

D’Gemeng Bech sicht fir d’Rentrée 2024/2025 ee Schoulbusbegleeder (m/w).

 

D‘Aarbecht besteet doranner, virun an no der Schoul mam Schoulbus matzefueren an do ze kontrolléieren op all Kand de Secherheetsgurt un huet a sëtze bleift, fir Disziplin an Uerdnung am Bus ze suergen.

 

Déi interesséiert Persoune musse lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen, flexibel sinn a gutt mat Kanner ëmgoe kënnen.

 

Idealerweis wunt dir an der Gemeng oder an der direkter Géigend.

 

D’Aarbechtszäit beleeft sech op 16 Stonnen d’Woch. De Kontrakt gëtt fir eng begrenzten Dauer vun engem Joer ofgeschloss a ka verlängert ginn.

 

Déi interesséiert Persoune mussen hir Kandidatur un de Schäfferot vun der Gemeng Bech, 1, Enneschtgaass, L-6230 BECH, bis spéitstens den 30. Juli 2024 adresséieren.

 

Bech, den 28. Juni 2024

 

De Schäfferot

 

Jill Goeres                   Norbert Classen            Nathalie Wohlfart

Dernière modification le 10.07.2024

Des articles de la même catégorie

Wespenberatung

Wespenberatung

Wespenberatung-Flyer.pdf  WESPENHOTLINETel : 29 04 04 – 344Email : berodung@naturemwelt.lu   KONTAKTnatur&ëmwelt a.s.b.l.5, rte de LuxembourgL-1899 KockelscheuerTel : 29 04 04 – 1www.naturemwelt.lu

lire plus
Aller au contenu principal