
De Kannerwanderwee ass ideal fir d’Natur op spilleresch Aart a Weis ze entdecken.
Op verschiddene Statiounen erwaarden d’Kanner spannend Aktivitéiten, kleng Erausfuerderungen an Informatiounen iwwer d’Natur an d’Ëmwelt. De Wee ass souwuel fir Famillen wéi och fir Schoulklassen gëeegent an offréiert eng flott Kombinatioun aus Léieren a Beweegung an der frëscher Loft.
De Kannerwanderwee huet eng Gesamtlängt vun 5,5 km.
Kannerwanderwee Charly Diplom.pdf

E Grousse Merci geet un de Veräin Micky Mais Gemeng Bech fir d’Anstandhale vum Kannerwanderwee an de flotten Aktivitéiten ënnerwee.
