Energiegemeinschaft Bech Consdorf

D’Gemenge Consdorf a Bech wëlle gemeinsam eng Energiegemeinschaft grënnen. Hiert Zil ass et, d’Energietransitioun an der Regioun weiderzedreiwen an de Bierger d’Méiglechkeet ze ginn, hiren iwwerschëssege Solarstroum mat aneren ze deelen.

Als éischte Schrëtt hunn d’Gemengen e puer vun hiren Infrastrukturen, dorënner Gemengegebaier an eng Pompelstatioun vun der Waasserversuergung, am Groupe de partage ugemellt. Wa genuch lokal produzéierte Solarstroum an de Grupp agespeist gëtt, kënnen dës Infrastrukturen zäitweis mat Stroum versuergt ginn, deen um Gebitt vun de Gemenge produzéiert gouf. De Projet dréit esou zu enger méi lokaler an onofhängeger Energieversuergung bäi.

De Projet gouf e Méindeg, den 21. September 2026, bei enger Informatiounsversammlung am Kuerzwenkel zu Consdorf virgestallt.

Méi Informatiounen a Memberschaft

Hei fannt Dir d’Presentatioun vum Projet. Iwwer de QR-Code kënnt Dir d’Umeldungssäit vun der Energiegemeinschaft opruffen.

Présentatioun

QR

—

Les communes de Consdorf et de Bech souhaitent créer ensemble une communauté énergétique. Leur objectif est de faire progresser la transition énergétique et de permettre aux citoyens de partager leur surplus d’électricité solaire.

Pour commencer, les communes ont inscrit plusieurs de leurs infrastructures dans le groupe de partage, notamment des bâtiments communaux et une station de pompage du réseau d’eau potable. Lorsque la production solaire locale est suffisante, ces installations peuvent être alimentées temporairement par de l’électricité produite sur le territoire des communes. Il s’agit d’une étape vers un approvisionnement énergétique plus local.

Le projet a été présenté lors d’une réunion d’information organisée le lundi 21 septembre 2026 au Kuerzwenkel, à Consdorf.

Présentation et inscription

Vous trouverez ici la présentation du projet. Scannez le QR code pour accéder à la page d’inscription à la communauté énergétique.

Présentation

QR

Dernière modification le 06.10.2026

Des articles de la même catégorie

Ab 2027: Ännerung bei der Offallentsuergung

Ab 2027: Ännerung bei der Offallentsuergung

Léif Biergerinnen a Bierger, ab dem 1. Januar 2027 gëtt d’Leerung vun de bloen a grénge Kierf (Ecobacs) agestallt. Duerfir kritt all Stot zwou nei Offalltonnen amplaz, disponibel am 120 Liter oder 240 Liter Format, jee no Besoin. D’Gréisst vun der grénger a bloer...

lire plus
Bummelbus

Bummelbus

Wir freuen uns, Ihnen mitteilen zu können, dass die Gemeinde Bech den Rufbus BUMMELBUS ab dem 1. April 2026 ihren Einwohner zur Verfügung stellt. Der Bummelbus-Dienst ist ein städtischer und nicht-städtischer, bedarfsorientierter, kollektiver Transportservice von Tür...

lire plus
Night Rider Card Bech

Night Rider Card Bech

Night Card Bech – disponibel ab dem 01.01.2026 Den Night Rider ass e Mobilitéitsservice, deen am ganze Grand-Duché ënnerwee ass an deen keen festen Trajet huet. Hie kënnt Iech op Reservatioun doheem oder op all aneren ugefrote Punkt ofhuelen. Reservatioun op...

lire plus
Aller au contenu principal