Maïn Offall – Meng Ressourcen: Déi national Offall-App ass do

Grünschnittsammlung

 

 

MÄIN OFFALL – MENG RESSOURCEN: DÉI NATIONAL OFFALL-APP ASS DO

Säin Offall richteg Entsuergen – dobäi soll déi nei App Mäin Offall – Meng Ressourcen hëllefen. Den digitalen Offallkalenner erënnert de User drun, seng Poubelle virun d’Dier ze stellen an eng interaktiv Kaart weist all verfügbar Sammelplazen am Land un, ob Container, mobil Sammlung oder Ressourcenzenter.

D’App, déi op 4 Sproochen an a ronn 85 Gemengen verfügbar ass, kann gratis am AppStore oder bei GooglePlay erofgeluede ginn. An Zesummenaarbecht mam Minsitère fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung, verschiddenen Acteure vum Terrain an de Gemengen huet d’Ëmweltverwaltung dës App entwéckelt.

Wéi eng Gemenge beim Projet matmaachen, Downloads an all weider Informatiounen zu Mäin Offall fënnt een op www.emwelt.lu.

DAT KANN D’APP:
➢ De virtuellen Offallkalenner erméiglecht dem User, d‘Sammlungen vir seng Adress zu all Moment ze kucken, ob Pabeier, Valorlux oder Biopoubelle ;
➢ De User kann sech Erënnerungen vir verschidde Sammlungen ariichten. Sou gëtt een zum Beispill um Virowend virun der Sammlung mat enger Push-Noriicht drun erënnert, seng Poubelle virun d’Dier ze stellen;
➢ Op der interaktiver Kaart fënnt een all ëffentlech Sammelpunkten, sief et Container, mobil Sammlung vun der SuperDrecksKëscht® oder Ressourcenzenter;
➢ En Offalllexikon gëtt Tipps, wou wéien Offall am beschten entsuergt ka ginn;
➢ Falls eng Sammlung ausfält oder geännert gëtt, kritt de User d’Informatioun iwwert eng Push-Noriicht vu senger Gemeng direkt op de Smartphone

D’Ëmweltverwaltung schafft aktuell un der Versioun 2.0. Dës soll 2022 bereet sinn an de Bierger erméiglechen, Sammlungen op Ufro ofzewéckelen.

Dernière modification le 16.11.2021

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal